Infoversammlung zu eise Geméis a Blummen-Kierf
Schéine Gudde Moien alleguer!:)
Hoffentlech sidd dir och sou gutt am Hierscht ukomm. 🍂🏡
Mir wollten iech Bescheed soen, dass mir de 14. November um 10:30 eng Infoversammlung zu eise Geméis a Blummen-Kierf organiséiere wou dir häerzlech invitéiert sidd dobäi ze sinn. 🍅💐
Se fënnt statt hei an der Zär zu Eschduerf. 🦋
Dir kënnt dëst Noricht gäre mat Frënn a Famill deele wou Interessi u lokal-ökologesch produzéierte Liewensmëttel a schéi Blummebouquete kéinten hunn. 🥗🌼
Hei nach eemol d’Adresse:
https://maps.app.goo.gl/8LGHf5rsQ9MedMtf7?g_st=ic
Schreift et an de Kalenner! Mir freeën eis ob iech 😃
Mat beschte Gréiss,
Joé am Numm vum Haff Wandelbléi